Skip to main content
#
Freundeskreis Jens Söring
Kontakt
our twitterour facebook page google plus youtubeinstagram
EN
 
Jens Soering (Lux)

(von Gilbert Pregno, RTL Sonndeszeitung, 11. April 2013, Link)

Dieser Artikel in deutscher Sprache

Dem Jens Soering seng Geschicht ass tragesch: zanter 28 Joer setzt hien onschëlleg an engem Prisong an den USA an muss eng liewenslänglech Prisongsstrof ofsetzen. Hien hat sech selwer ugeklot, dass en den Mäerder vun den Eltere vun senger Frëndin war. Dat hutt en awer dunn erëm ofgestridden huet. Ma dat war ze spéit.

Eng Carte Blanche vum Gilbert Pregno. Hie schafft an der Stëftung Kannerschlass an ass Member vun der Mënscherechtskommissioun.

Jens Soering, 48 Joer al, däitschen Staatsbierger, zanter 1986 gefaangen, an engem Prisong vum Bundesstaat Virginia an den USA. Matricule Nummer  179212. Hien ass zu liewenslänglechem Prisong veruerteelt ginn.

Wéi ass et dozou komm?

Den Jens Soering huet sech mat 18 Joer verléift an eng jonk Fra. E puer Méint duerno, ginn der Fra hir Eltere ermuert. Lues an lues kënnt de Verdacht op, et kënnt d‘Duechter an de Jens Soering gewiescht sinn, déi di Leit ermuert hunn. Si ginn allen 2 festgeholl. Den Jens Soering leet e Geständnis of: hien hëlt d‘Schold ganz op sech. Hien war fest dovunner iwwerzeegt, dass en als Jong vun engem Diplomat net kënnt veruerteelt ginn. Et koum awer ganz aneschters: de Jens Soering muss bis zu sengem Doud an den Prisong. Fréi huet hien ugefaangen ze soen, dass seng Ausso falsch war, dass en eng Schold op sech geholl huet, fir seng Frëndin ze schützen.

An der Tëschenzäit sinn dann och zahlreich Beweiser fonnt ginn, déi erlaben ze denken, dass hien näischt mat dem Mord ze dinn hat. Ëmmer méi Leit, souwuel an den USA ma och an Däitschland sinn vun senger Onschold iwwerzeegt a setzen sech fir de Jens Soering an.  

Um Internet kann een vill Gespréicher mam Jens Soering kucken an lauschteren. Oder et kann een och eent vun deenen  8 Bicher liesen, déi e publizéiert huet. Hien beschreift den Haass, deen en empfonnt huet: Haass géint d‘Gesellschaft wéinst der Ongerechtegkeet, ma och Haass géint sech selwer, well en dat alles selwer verschëlt huet. Mat der Zäit ass dat verschwonnen: seng Haltung ass gefaasst optimistesch, da spiert een awer och eng  kontrolléiert Verbattertheet. Hie beschreift wéi en duerch de Glawen an och Meditatioun et iwwerhaapt hikritt huet, fir net ënnerzegoen: liewen, iwwerliewen fir net ze stierwen an lieweg begruewen ze ginn an engem Sarg, deen do den Prisong ass.

Wann ech héieren wéi d’Justiz gesprach gëtt an den USA, déi Zoustänn, déi et an den amerikaneschen Prisongen ginn, da gehäit dat alles en fragwierdegt Bild op déi amerikanesch Gesellschaft. A villen Staaten vun den USA  gëtt et jo och nach d‘ Doudesstrof. An ech kommen net ëmhin och un de Schandfleck vun Guantanamo ze denken. An der Vergaangenheet, awer och elo nach, sinn do Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn, et ass eng Aart Kierfecht oder Mülldeponie, déi Amerika ageriicht huet, fir Mënscherechter ze entsuergen. Dem Obama seng Ukënnegung Guantanamo géing verschwannen ass nëmmen waarm Loft.

Dofir soen ech mer, dass den Asaz fir den Jens Soering d’Welt net méi schlecht mécht. Jiddereen kann elo säi Beitrag dozou leeschten. Um Internet fannt der vill Sitten vu Leit, Affekoten, Wëssenschaftler déi sech fir hien asetzen. Och op Facebook. E Saz ze schreiwen, kascht net vill. An fir déi déi lo denken: „ech géing et elo maachen ma et notzt souwisou näischt“,  deene buschtawéieren ech dann och nach den Numm: Soering gëtt geschriwwen: S –O– E - R –I– N – G, Virnumm Jens!

Newsletter 

Mit unserem Newsletter bleiben Sie über Neuigkeiten informiert. Jetzt anmelden

Bücher von Jens  
Spenden
T-Shirts für Jens 
    © Freundeskreis Jens Söring | E-Mail: admin (at) jenssoering.de | www.jenssoering.de
    Kontakt zu Jens Söring | Impressum & rechtliche Hinweise | Datenschutzerklärung
    Site Powered By
        Streamwerx - Site Builder Pro
        Online web site design